D'Soirée Prestige

Match-SP-pourcent

Är Supermarchéë Match a Smatch organiséieren eng grouss Soirée wou Dir kënnt hir Wäikelleren entdecken. Aus Frankräich, aus Lëtzebuerg oder aus der ganzer Welt, mat dëser Wäiner reest Dir am Rhythmus vun de prestigiéiste Millésimen.Dir kritt d'Geleeënheet déi beschten aus enger Sélectioun vun iwwer 150 verschiddenen Wäinzorten gratis ze schmaachen. Margaux, Saint Emilion, Saint Julien, Pinot noir oder gris... Si sinn all do fir Iech ze verféieren.D'Presentatioun fënnt statt am wonnerbare Kader vum Schlass zu Siweburen, matzen an der Stad Lëtzebuerg. Dëst Schlass wor am 18. Joerhonnert d'Residenz vun de Gebridder Boch.Bei dëser Geleeënheet kënnt Dir Wäiner zu exzeptionelle Konditioune bestellen, mat Reduktioune vun 5 bis 8%.

Fir d'Commanden

  • bis zu 35 Fläschen au Choix, -5% am ganze Wäikatalog*
  • vun 36 Fläschen un au Choix, -8% am ganze Wäikatalog*

Déi bestallte Wäiner kënnt Dir an d'Geschäft siche kommen.

*D'Aktioune gëlle fir all Offeren aus dem Katalog ausser fir Schampes a Crémant, a sinn net cumulabel mat enger anerer Reduktioun fir déi selwecht Period. Gëllt just fir d'Bestellungen op der Soirée selwer.

D'Lëscht vun de Wäiner

Roud Wäiner

Wäiss Wäiner

Roséen

Wäiss Wäiner (moelleux)

Crémants

D'Kellereien déi présent sinn

Meng Plaz op der Soirée reservéieren

Die Anmeldung ist jetzt geschlossen.

Praktesch Informatiounen

A mäin Agenda androen26/09/2014 19:30:0027/09/2014 00:00:0040Soirée PrestigeAdresse : 326, Rue de Rollingergrund L-2441 LuxembourgChâteau de Septfontaines (Château Villeroy-Boch)Matchinfo@supermarche-match-supermarkt.befalseDD/MM/YYYY

Wéini?

De 26. September 2014 um 19.30 Auer bis Mëtternuecht (läschten Entrée um 22.30 Auer)

Wou parken?

2 Parkinge stinn Iech zur Verfügung:

  • Vis à vis vum Schlass
  • En zweeten, op 500 Meter, mat enger gratis Busnavette

Dresscode?

Tenue de ville ass obligatoresch

Accès ?

Fräien Entrée mat Invitatioun.

Oppassen! D'Invitatioun musst Dir an der Entrée weisen

Iessen?

Kléng Restauratioun (payant)

Wou?

Château de Septfontaines (Château Villeroy-Boch)

326, Rue de Rollingergrund

L-2441 Luxembourg

Webdesign & Webdevelopment by defimedia - Mentions légales